An der däitscher Haaptstad sinn d'Demonstratiounen géint déi aktuell Coronamesuren e Samschdeg ofgebrach ginn.

Bei de Protester zu Berlin hunn d'Demonstrante sech net un Sécherheetsofstänn gehalen. Och hu kaum Leit Maske gedroen. Doropshin huet déi däitsch Police eng Plainte géint d'Organisateure vun der Demo gemaach. Et si ronn 20.000 Persoune gezielt ginn, déi zu Berlin op d'Strooss gaange sinn.

Well d'Demonstranten d'Corona-Sécherheetsmesuren net respektéiert hunn, huet d'Police d'Demonstratioun opgeléist. Déi meescht Demonstrante si weidergezunn, fir un enger anerer Demo, déi an der "Straße des 17. Juni" organiséiert gouf, deelzehuelen.

Un den Demonstratiounen hunn ënner anerem Unhänger vu rietsextreme Gruppéierungen a Verschwierungstheorien deel geholl.

Wéi d'Noriichtenagence AFP e Sonndeg mellt, si bei der Demonstratioun 18 Poliziste blesséiert ginn. 3 dovunner ginn am Spidol behandelt, esou d'Police vu Berlin.

Ënnert anerem Politiker wéi de Jens Spahn oder d'Saskia Esken hunn d'Verhale vun den Demonstrante kritiséiert.