Wéi de CGDIS matdeelt, koum et e Samschdeg Owend zu engem Feier an engem Haus zu Roudemer. Blesséiert gouf keen.

E Samschdeg Owend huet et géint 19 Auer an engem Haus zu Roudemer gebrannt. Dat schreift de CGDIS e Sonndeg de Moien. D'Pompjeeë waren op der Plaz. Et ass awer kee blesséiert ginn.

Kuerz no 17 Auer koum et weider zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Motorrad, dat op der RN13 tëscht Dippech a Reckeng op der Mess. De CGDIS mellt hei eng blesséiert Persoun.