An der Nuecht op e Sonndeg koum et zu engem Abroch an der Stad. Op der Plaz gouf e Sécherheetsbeamte vun engem Onbekannte mat engem Messer ugegraff.

D'Police mellt en Abroch an eng Wunneng an der Stad. Kuerz no 22.30 Auer e Samschdeg Owend ass den Alarm an engem Haus an der Rue Charles Calmette ugaangen. E Beamte vun enger privater Sécherheetsfirma, dee kuerz drop op der Plaz war, gouf an der Wunneng vun engem Onbekannte mat engem Messer ugegraff. Dëse konnt sech géint den Ugrëff wieren, woubäi den Täter warscheinlech um Kapp blesséiert gouf.

Doropshin ass den Abriecher a Richtung Bësch geflücht. D'Police huet direkt no him gesicht, awer ouni Erfolleg. Den Abriecher hat eng schwaarz Box an e schwaarze Pullover un.