D’Studentenassociatioun ACEL huet eng nei Online-Plattform lancéiert fir Studenten déi e Corona-Test ufroe wëllen.

Nodeems si vill Demandë vu Studente krut, huet d’ACEL zesumme mam Ministère fir Héichschoul a Fuerschung a mam Gesondheetsministère eng Online-Plattform lancéiert déi et erméiglecht e Voucher fir e Corona-Test unzefroen. Wéinst der Pandemie hu vill Studente Problemer hir Uni-Destinatioun am Ausland z’erreechen a mussen sech entweder wärend 14 Deeg isoléiere oder ee rezenten negativen Test virweisen.