Wéinst der Hëtzt huet Meteolux eng Alerte Orange fir e Freideg an e Samschdeg erausginn.

Meteolux huet fir e Freideg eng Alerte Orange erausginn. Dat wéinst der décker Hëtzt. Dës Alerte gëllt vun 10h00 bis 20h00 fir dat ganzt Land. D’Temperaturë wäerten deemno op 34 Grad klammen. Fir e Samschdeg gëllt genee déi selwecht Alerte. D'Temperature klammen da vun 32 bis 35 Grad.

© Screenshot Meteolux

© Screenshot Meteolux