Am Virfeld gouf et schonn annoncéiert, vun e Samschdeg u gräift déi nei Obligatioun.

Leit, déi aus Risikolänner an Däitschland areesen, musse sech vun dësem Samschdeg un teste loossen. Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn huet dat dësen Donneschdeg annoncéiert. Dat gëllt natierlech just, wann een net schonn e rezenten negativen Test dobäi huet. Lëtzebuerg steet jo och op der däitscher Lëscht vun de Risikogebidder.

Reest ee mam Fliger an et huet ee keen negativen Test dobäi - deen och net méi al wéi 48 Stonnen ass - kann ee sech do gratis teste loossen. Hei huet een 72 Stonnen Zäit dat ze maachen, dat nämmlecht gëllt dann och wann ee mam Auto oder Bus ënnerwee ass.