An der Rue de Commerce am Garer Quartier gouf e Mëttwoch kuerz no 23 Auer eng Fra ugegraff.

Den Onbekannten huet d'Fra um Hals gepaakt an hir eng mat der Fauscht an d'Gesiicht ginn. Wéi de Frënd vum Affer op d'Attack opmierksam ginn ass, huet hien den Ugräifer mat enger Glasfläsch op de Kapp geschloen an hie mat de Féiss gerannt. Dësen ass du geflücht an ass mat der bluddeger Wonn um Kapp bei d'Police op der Stater Gare gaangen. De Frënd hat iwwerdeems de Virfall gemellt a koum och op de Policebüro.

Wéi d'Police schreift hätten déi 3 Persounen Alkohol consomméiert. Den Ugräifer huet spéider nach am Spidol randaléiert an déi medezinesch Behandlung verweigert. Well hien net ze berouege war, koum hien duerno a Passagearrest. Géint béid Männer gouf eng Plainte gemaach.

Mann gëtt vun anere Leit brutal ugegraff

Op der Stater Gare gouf et viru Mëtternuecht e weidere brutale Virfall. E Grupp huet e Mann mat enger Staang a Fäischt op de Kapp geschloen an dem Affer den Handy geklaut. D'Ugräifer konnten net méi ermëttelt ginn an et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.

Alkoholiséierte Mann attackéiert Persoun a Lokal

D'Police huet e Mëttwoch géint 17 Auer an der Avenue de la Gare zu Esch missten agräifen. Eng Persoun war vun engem alkoholiséierte Mann ugegraff a blesséiert ginn. D'Affer gouf, och wéi d'Police schonn do war, weider ugepöbelt. Eng zweet Attack konnt vun de Beamten awer verhënnert ginn.

Hien huet och d'Poliziste beleidegt an op ee vun hinne gespaut. Well de Mann net ze berouege war an net just fir sech selwer mee och anerer eng Gefor duergestallt huet, koum hien no enger Ënnersichung vun engem Dokter an de Passagearrest.