Zu Péiteng waren e puer Persounen de leschte Sonndeg unenenee geroden. Zwee Männer goufe schwéier blesséiert. D'Police sicht no Zeien.

D’Police mécht een Zeienopruff.

Zu Péiteng waren de leschte Sonndeg géint 21h00 e puer Persounen an engem Lokal op der Place du Marché unenee geroden. De Sträit ass duerno op der Strooss mat zwee Autoen an enger weiderer hefteger Ausernanersetzung virugaangen. Zwee Männer goufen dobäi schwéier blesséiert.

3 bis 4 Männer sinn duerno mat engem anthrazit-groen VW Touareg geflücht. Eventuell mat enger franséischer Plackennummer.

Wien eppes matkrut, Fotoen an/oder Videomaterial vum Virfall huet, soll sech bei der Police mellen, entweder um 113 oder bei der Kriminalpolice per E-mail: spj.IP@police.etat.lu.