Am Kader vun den Ermëttlungen zu der Explosiounskatastroph zu Beirut si 16 Mënsche festgeholl ginn.

No den uergen Explosiounen zu Beirut sinn elo 16 Persoune festgeholl ginn, dorënner Membere vun der Douane an der Hafeverwaltung. Déi Verdächteg solle fir d‘Lagerhaus zoustänneg gewiescht sinn, an deem dat héicht-explosiivt Ammonium-Nitrat deposéiert war. Beim Ongléck sinn op d’mannst 149 Mënschen ëm d’Liewe komm, iwwer 5.000 goufe blesséiert. Eng 100 Mënsche ginn nach ëmmer vermësst.

D’EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen an den EU-Rotspresident Charles Michel hunn dann d’EU-Memberstaaten zu méi Hëllef fir de Libanon opgeruff. An engem Bréif un d’Staats- a Regierungscheffen heescht et, d’Explosiouns-Katastroph zu Beirut hätt schwéier wirtschaftlech Suitte fir d’Land. Et misst een iwwerdeems bedenken, dass de Libanon ee Land vu strategescher Bedeitung wier, dat déi meescht Flüchtlinge pro Kapp ophëlt.