D'Sécurité Routière huet eng Broschür erausbruecht fir dass d'Kanner de Code de la Route léieren.

Well dëst Joer d'Coupe Scolaire wéinst der Pandemie ewechgefall ass proposéiert d'Sécurité Routière dass d'Elteren hire Kanner, déi Vëlo fueren, déi richteg Reflexer bäibréngen. An deem Kader gouf eng Broschür erausbruecht déi sech "Eist Kand a säi Vëlo" nennt. D'Zil ass et dass d'Kanner d'Verkéiersreegele léieren. Dës Broschür kann een um Site vun der Sécurité Routière gratis eroflueden.