D’Police huet d’Zuele vun den Abréch a vum Drogenhandel a Konsum vun der 2. Hallschent vun 2019 verëffentlecht.

An der 2. Hallschent vun 2019 gouf festgestallt dass déi meescht Abréch privat Haiser betreffen. Et goufen der awer 7% manner registréiert wéi 2018. Meeschtens gëtt freides a samschdes am fréien Owend agebrach. Abréch an net private Gebaier sinn awer liicht eropgaangen. Et goufen nëmme 5 Homejackinge gezielt.

© Police

Deen zweete Volet deen d’Police virstellt ass dee vum Kampf géint den Drogenhandel a Konsum. D’Zuel vun de Leit déi Droge besëtzen ass ëm 35% an d’Luucht gaangen. Et hunn 51% méi Leit Droge konsuméiert wéi dat Joer virdrun. Wat den Drogenhandel ugeet gouf eng Hausse vun 21% festgestallt. An deem Kader goufe ronn 1.400 Saisië gemaach.

© Police

© Police