© Eldo
Zu Beefort ass e Vëlosfuerer an enger schaarfer Kéier an eng Camionnette gerannt a gouf schwéier blesséiert.
En Donneschdeg war e Vëlosfuerer um CR128 a Richtung Beefort ënnerwee wéi hien an enger schaarfer Kéier d'Kontroll iwwer säi Vëlo verluer huet. Doropshin ass dëse frontal an eng Camionnette gerannt déi him entgéint komm ass. De Mann gouf schro blesséiert a mam Helikopter an d'Spidol bruecht. Op Uerder vum Parquet vun Dikrech ass de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Kriminalpolice op d'Plaz komm. E Protokoll gouf ausgestallt.