© Eldoradio
Eng Automobilistin war an der Nuecht op e Freideg vill ze séier zu Hollerech ënnerwee.
Eng Automobilistin war e Freideg géint 02h00 um Salzhaff zu Hollerech mat 117 km/h ënnerwee. Op dëser Plaz sinn awer nëmmen 70 Km/h erlaabt. Wéi d'Police den Auto gestoppt huet gouf festgestallt dass d'Automobilistin keng valabel Assurance virweise konnt. Deemno gouf den Auto immobiliséiert. D'Fra krut de Permis ofgeholl an e provisoresche Fuerverbuet gouf géint si ausgestallt.