Facebook huet decidéiert eng Grupp déi Verschwierungstheorië verbreet a bal 200.000 Memberen huet ze läschen.

Facebook huet eng vun de gréisste Verschwierungstheorie-Gruppe geläscht. Dës Grupp hat bal 200.000 Memberen. Wéi et vun enger Spriecherin vu Facebook heescht goufen et dacks Fäll vu Mobbing a Belästegung. Donieft goufe falsch Informatiounen an Haass verbreet. D’Grupp war Deel vun der QAnon-Beweegung déi ënner anerem behaapt dass d’USA vun enger krimineller Organisatioun beherrscht ginn.