© Eldoradio Archiv
D'Santé huet d'Alerte Orange vum Plan Canicule aktivéiert. Déi nächst Deeg klammen d'Temperature jo op méi wéi 30 Grad.
Wéinst den héijen Temperaturen huet d'Santé decidéiert d'Alerte Orange vum Plan Canicule z'aktivéieren. Donieft goufe Recommandatioune matgedeelt. Et soll ee reegelméisseg an op d'mannst 1,5 Liter drénken a sou dacks wéi méiglech am Schiet bleiwen. Och sportlech Aktivitéite sollen evitéiert ginn.
De ganze Communiqué kënnt dir hei noliesen:
|