E Freidegowend huet eng Maschinn mat op d'mannst 191 Leit u Bord eng Brochlandung gemaach. Et geet vu ville Blesséierte riets.

Bei enger Brochlandung vun engem Passagéierfliger am Süde vun Indien sollen eng Dose Leit blesséiert gi sinn. Wéi d'Noriichtenagence AFP schreift, wiere vill Leit an d'Spidol ageliwwert ginn, vun eventuellen Doudegen ass bis ewell näischt gewosst. De Fliger, dee vun Dubai aus komm ass, soll um Fluchhafen zu Calicut an zwee Deeler gebrach sinn.

Op d'mannst 191 Leit waren u Bord vun der Maschinn vun der Gesellschaft Air India Express.