© Eldoradio Archiv
Ee Schwéier- an ee Liichtblesséierten - dat ass d'Resultat no enger gewalttäteger Ausernanersetzung zu Wolz.
Géint 22 Auer en Donneschdeg waren an der Rue des Sports zwee Männer unenee geroden. Beim Sträit gouf eng Stéchwaff benotz, nieft der Police goufen deemno och Rettungsdéngscht an Dokter op d'Plaz geruff. Déi Blesséiert sinn op der Plaz versuergt ginn, koumen duerno awer och an d'Spidol. Op Uerder vum Parquet vun Dikrech gouf den Ugräifer festgeholl. D'Spueresécherung gouf och op d'Plaz geruff.