© Eldoradio
En weideren Automobilist, deen a Richtung Stengefort ënnerwee war, kéint den Accident méiglecherweis beobacht hunn.
Géint 16h00 de Freide Mëtte koum et um CR 108 tëscht Stengefort an Eischen zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Vëlo. Kuerz virum Accident soll den Auto vun engem aneren Automobilist gekräizt gi sinn, deen um CR 108 a Richtung Stengefort ënnerwee war. Dëse kéint den Accident méiglecherweis beobacht hunn. Hien an eventuell weider Zeien si gebieden sech bei der Police vu Capellen ze mellen. Dëst ënnert der Telefonsnummer 244301000.