De Mann ass an enger Rietskéier gefall an duerno mat sengem Moto an de Gruef gerutscht.

En déidlechen Accident gouf et um fréie Samschde Moien op eise Stroossen. Géint 01h00 ass op der N 21 tëscht Mäerzeg an Nidderfeelen e Motocyclist, deen aus Richtung Mäerzeg koum an enger laanger Rietskéier gefall. Duerno ass hie mat sengem Moto an de Gruef gerutscht. De 44 Joer ale Mann aus Nidderfeelen ass nach op der Plaz gestuerwen. D'Police Technique huet d'Plaz nom Accident ënnersicht. De Parquet huet eng Autopsie ugefrot.