Iwwerdeems huet de President vum Land d'Méiglechkeet vun engem auslänneschen Ugrëff als Ursaach fir d'Explosioun an d'Spill bruecht.

4 Deeg nodeems bei der Explosioun vun enger Lagerhal am Hafe vun der libanesescher Haaptstad Beirut op d'mannst 154 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn, huet de President vum Land, Michel Aoun, eng international Enquête vun dësem Tëschefall refuséiert. Dem Aoun no géifen et zwou Méiglechkeete ginn, wéi et zu Explosioun hätt komme kéinten. Entweder duerch mënschlecht Versoen, oder duerch en auslänneschen Ugrëff mat enger Rakéit oder Bomm. Dëst ass fir d'éischt zënter der Explosioun, dass e Member vun der libanesescher Regierung d'Méiglechkeet vun engem Ugrëff erwäänt.