De Chef vum Verband vun den Hausdokteren huet déi obligatoresch Tester als rengen Aktionismus bezeechent.

Den däitsche Verband vun den Hausdokteren huet déi obligatoresch Corona-Tester fir Leit déi aus sougenannte Risikogebidder an Däitschland zeréckkomme kritiséiert. Géigeniwwer der däitscher Zeitung "Die Welt", sot de President vum Verband, Ulrich Weigeldt, dass vill testen am Prinzip vernënfteg wier. Déi decidéiert obligatoresch Tester wieren awer rengem Aktionismus. D'Risikogebidder wieren ze pauschal definéiert ginn a vill Doktere wieren iwwerhaapt net dofir ausgerëscht grouss Masse vu Leit ze testen.

Iwwerdeems hält de Weigeldt et fir absurd, dass Leit déi aus dem Ausland zeréckkommen hirem Dokter beweise mussen, dass si tatsächlech am Ausland waren, andeems si e Fligerticket oder d'Rechnung vun engem Hotel virleeën. Et wier d'Aufgab vun den Dokteren de Mënschen ze hëllefen an net administrativ Aufgabe vum däitsche Gesondheetsministère ze iwwerhuelen. An dësem Zesummenhang huet de Weigeldt och d'Fro gestallt, wéi en Dokter iwwerhaapt d'Rechnung vun engem Hotel iwwerpréiwe kéint.

Zënter de Samschde muss jiddereen, deen aus engem Risikogebitt an Däitschland areest sech op de Coronavirus teste loossen. An der EU gëllen no de Krittäre vum Robert-Koch-Institut, nieft Lëtzebuerg och déi belsch Provënz Antwerpen a verschidde Regiounen am Norde vu Spuenien als Risikogebidder.