Am Kader vun der Online-Konferenz solle Spende fir déi humanitär Hëllef am Libanon gesammelt ginn.

Frankräich wäert eng international Hëllefskonferenz fir de Libanon organiséieren. Un dëser wäerten nieft Vertrieder vun der libanesescher Regierung an dem franséische President Macron ënnert anerem och den amerikanesche President Donald Trump deelhuelen. Dat huet dëse via Twittter matgedeelt. Iwwerdeems huet den Trump iwwert dat soziaalt Netzwierk wësse gedoen, dass hien dem libanesesche President Aaoun e Freiden an engem Telefonat säi Bäileed ausgedréckt an him d'Ënnerstëtzung vun den USA zougesot hätt. Dräi Fligere mat Hëllefsgidder wiere, grad ewéi medezinescht Personal a weider Hëllefskräfte schonn ënnerwee a Richtung Libanon. Am Kader vun der Online-Konferenz solle Spende fir déi humanitär Hëllef am Libanon gesammelt ginn.

Schonn e Freide waren Hëllefsgidder aus dem Iran, Saudiarabien an de Vereenegten Arabeschen Emirater an der Libanesescher Haaptstad Beirut ukomm. Och Frankräich, Katar a Russland hate Fligere mat Hëllefsgidder a Peronal op Beirut geschéckt.

Bei der Explosioun vun enger Lagerhal am Hafe vun der Haaptstad Beirut de 4. August sinn op d'mannst 154 Mënschen ëm d'Liewe komm.