Nieft den 2 Piloten, sollen sech och 2 kleng Kanner am Alter vun 10 an 18 Méint ënnert den Doudesaffer befannen.

Bei engem Fligerongléck am indesche Bundesstaat Kerala sollen op d'mannst 18 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. Dat huet den indesche Minister fir d'Loftfaart, Hardeep Singh Puri, e Samschde matgedeelt. Beim Ongléck, dat de Freide geschitt ass sinn iwwerdeems iwwer 100 Mënsche blesséiert ginn. Op d'mannst 15 vun hinne schwéier. E Fliger vun der Fluchgesellschaft "Air India Express" war bei staarkem Reen um Fluchhafe Kozihikode gelant an dobäi vun der Landebunn ofgerëtscht an an 2 Deeler zerbrach.

De Fliger war eng Boeing 737 déi aus Dubai koum. U Bord vun der Maschinn waren 191 Passagéier an d'Crew. Béid Pilote vum Fliger si beim Ongléck ëm d'Liewe komm. Engem lokale Spidol no, sollen sech ënnert den Doudesaffer och 2 Puppelcher am Alter vun 10 an 18 Méint befannen.

De Fluch war Deel vun enger Aktioun mat där Inder, déi wéinst dem Coronavirus am Ausland festsouzen, zeréck an Indien bruecht goufen.