Um Siwebueren am Bambësch hunn eng 150-190 Leit gefeiert an d'Schutzmesurë géint de Coronavirus dobäi quasi komplett ignoréiert.

Um 03h00 de Samschde Moie gouf d'Police iwwert eng Persoun informéiert, déi sech trotz engem méiglecherweis positive Coronatest op enger Party am Bambësch ophale géif. Ewéi d'Beamten der Saach nogaangen sinn, konnten si effektiv eng 150-190 Persoune fannen, déi um Siwebueren am Bambësch gefeiert, an d' Mesurë géint de Coronavirus dobäi quasi komplett ignoréiert hunn. Déi wéinegst vun hinnen haten eng Mask un. D'Beamten hunn d'Party doropshin opgeléist.

Schonn e Freiden haten e puer Policekommissariater aus dem Norden zesumme mat 2 Hondsstaffelen op verschiddene Plazen um Stauséi Kontrolle gemaach. Dobäi goufen 9 Persounen ermëttelt, déi Droge bei sech haten. 3 Persoune kruten e Protokoll, well si géint d'Drénkwaasserschutzgesetz verstouss hunn a 90 Persoune goufe wéinst engem Verstouss géint de Code de la Route protokolléiert. An deene meeschte Fäll gouf et e Protokoll wéinst falschem Parken.

Iwwerdeems mellt d'Police 2 Abréch zu deenen et de Freiden Owend komm ass:

Géint 20h10 sinn onbekannten Täter an der Rue Jean-Baptiste Scharlé zu Nidderkuer duerch eng Fënster an en Haus agedrongen. Éischten Erkenntnisser no, ware si warscheinlech op den Dag vun der Veranda vum Haus geklomme fir esou un d'Fënster ze kommen. Wéi si bis dobanne waren hunn si eng Partie Schief duerchwullt.

Géint 21h00 hat en onbekannten Täter d'Entréesdier vun engem Appartementshaus an der Route de Thionville um Houwald opgebrach an ass duerno an en Appartement agedrongen. Éischten Erkenntnisser no huet den Déif Bijoue geklaut.