E Samschdeg Owend koum et zu engem déidlechen Tëschefall an der Musel. 4 Männer waren am Hafe vu Mäertert schwammen, ee vun hinnen ass erdronk.

E Samschdeg Owend ass et zu engem déidlechen Tëschefall an der Musel zu Mäertert komm. Wéi d'Police schreift, ware 4 Camionschauffer an der Nuecht beim Hafen zu Mäertert schwammen. Ee vun de 4 Männer ass dobäi ënnergetaucht an net méi opkomm. Déi aner hunn doropshin d'Police alarméiert.

Eng grouss Sichaktioun vun der Police, vum CGDIS a vun de Pompjeeën gouf direkt ageleet. No knapp enger Stonn konnten d'Taucher de Mann dout erëmfannen. Et handelt sech ëm e 45 Joer ale rumänesche Camionschauffer.