E Sonndeg Owend koum et um Kierchbierg zu engem Accident tëscht engem Bus an engem Auto. Eng Persoun gouf verwonnt.

Wéi de CGDIS matdeelt, koum et e Sonndeg géint 19.20 Auer an der Stad um Kierchbierg zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt.

Géint hallwer 8 e Samschdeg Owend huet iwwerdeems e Gaardenhaischen a Grünschnitt zu Dummeldeng gebrannt. Verwonnt gouf keen.

Iwwerdeems ass um CR319 bei Donkels en Auto accidentéiert, dat kuerz no 21 Auer. Eng Persoun ass blesséiert ginn.