E Samschdeg sinn Touristen op der belscher Plage unenee geroden. No den Ausernanersetzungen sinn Een-Dagestouristen do net méi erwënscht.

Op der belscher Plage koum et e Samschdeg zu enger Ausernanersetzung tëscht Touristen a der Police wéinst de Coronamesuren. Dat op der Plage zu Blankenberg.

E Grupp vu Jonke gouf gebieden, sech un d'Hygiènesmesuren am Kader vun der Corona-Situatioun ze halen. Wéi belsch Medie schreiwen, soll de Grupp géint d'Police rebelléiert hunn, wéi si gebiede goufen, d'Plage ze verloossen. Et koum zu enger gewalttäteger Ausernanersetzung. E puer Dose Persounen solle sech mat der Police zerklappt hunn.

D'Police huet doropshi misse Verstäerkung ruffe, fir der Situatioun Meeschter ze ginn.

E Sonndeg koum dann d'Nouvelle, datt verschidde Stied a Plagen op der belscher Küste d'Touriste fir een Dag wärend der Phas vu grousse Hëtzt verbidden, dat wéinst den Ausernanersetzungen wéinst dem Net-Respektéiere vun den Hygiènesmesuren. Op verschidde Plazen an der Belsch goufen de Weekend esou Fäll gemellt.

Ënnert anerem d'Gemenge vu Knokke-Heist a Blankenberge hunn dës Decisioun geholl. Domat wéilt een "déi ëffentlech Sécherheet garantéieren". Vun e Sonndeg u ginn dofir Kontrolle gemaach. Persounen, déi an dës Stied areesen, mussen hir Urees kënne begrënnen. Et dierfe just nach Leit eran, déi op der Plaz wunnen, en Appartement oder Hotelszëmmer lounen oder do schaffen. Dat gëllt fir Leit, déi mam Auto kommen, awer och Passagéier, déi mam Zuch ukomme, gi kontrolléiert.