Den US-Internetservice Twitter soll Medien no un engem Zesummeschloss mat der chinesescher Videoplattform TikTok interesséiert sinn.

Wéi amerikanesch Medie mellen, soll den US-Internetservice Twitter un der chinesescher Videoplattform interesséiert sinn. Déi zwou Entreprisen hätte Gespréicher geféiert, esou amerikanesch Zeitungen. Op Nofro huet awer kee vun den Entreprisen dat confirméiert.

TikTok ass an den USA ënner Drock geroden. Der chinesescher Video-App gëtt virgehäit, datt Donnéeë vun den Notzer un déi chinesesch Regierung weidergeleet ginn. Bytedance, d'Besëtzerfirma vun TikTok, bestreit dës Virwërf.

Den US-President Trump hat en Donneschdeg en Dekret ënnerschriwwen, wat e Verbuet vun TikTok an den USA virgesäit, wann d'App bannent annerhallwem Mount net verkaf gëtt.

D'US-Softwarefirme Microsoft ass den Ament am Gespréich mat Bytedance, fir d'App ze kafen.