© Eldoradio Archiv / CGDIS
Wéi de CGDIS matdeelt, koum et e Sonndeg de Moien zu zwee Bëschbränn, dat bei Luerenzweiler an um Sennengerbierg.
Kuerz no 9 Auer e Sonndeg de Moie koum et um "Fautefiels" bei Luerenzweiler zu engem Bëschbrand. Wéi et heescht gouf der Police e Puer Mol Damp am Bësch gemellt. Doropshin huet eng Patrull 4 Jugendlecher um "Fautefiels" ugetraff déi do campéiert haten. Do hate si e Lagerfeier ugemaach a spéiderhin och nees ausgemaach. Um Sonndeg Moien ass d’Feier awer nees ugaangen.
Di 4 Jugendlecher goufe protokolléiert.
Kuerz no hallwer 11 huet et och an engem Bësch um Sennengerbierg gebrannt.
Blesséiert gouf a béide Fäll keen.