Am däitsche Frankfurt am Main huet en 72-Järege groussen Asaz gewise wéi dësen en Camionsdéif mam Vëlo verfollegt a gestallt huet.

Op engem Vëlo hat en 72-Järegen zu Frankfurt am Main e geklauten Transporter verfollegt an den Déif gestallt. De Senior hat virun dem Déifstall eng Liwwerung vu Blumme vum richtege Chauffer entgéint geholl, esou d'Police um Sonndeg. Wärend der Ausliwwerung um Freideg Nomëtteg hat den Déif de Moment genotzt a sech mam Camion duerch d'Bascht gemaach.

Den 72-Järegen huet direkt d'Poursuite opgeholl, ënnerwee 2 Polizisten informéiert a weider mam Vëlo hannendru gefuer. Wéineg méi spéit huet dësen de Camion entdeckt. Wéi de Senior d'Chauffersdier opgemaach huet, souz de presuméierten Déif nach um Steier. Doropshin huet den Déif den 72-Järegen op den Uewerkierper geschloen.

Dovun net impressionéiert huet den 72 Joer ale Mann de Kriminellen erausgezu kuerz ier d'Police de presuméierten Déif konnt festhuelen. En Alkoholtest beim 63 Joer alen Déif huet e Wäert vun 2,3 Promill ugewisen. Am Bulletin vun der Police ass den Asaz vum 72 Joer ale Senior ze verdanken, datt de Kriminelle konnt festgeholl ginn an de Camion un déi richteg Hänn konnt zeréckgoung.