Zënter dem 5. August war dat 14 Joer jonkt Meedchen vun Uewerwampech vermësst ginn. Hatt gouf e Mëttwoch an Däitschland erëmfonnt.

Wéi d'Police um Dënschdeg matgedeelt hat, war dat 14 Joer jonkt Meedche vun Uewerwampech zënter dem 5. August vermësst ginn. Wéi et e Mëttwoch heescht gouf hatt vun der däitscher Police an Däitschland erëmfonnt. Deemno ass d'Vermësstemeldung gestrach ginn.