All Woch gëtt d'Santé e méi detailléierten Abléck an d'Infektiounszuelen zu Lëtzebuerg.

An der Woch vum 3. bis 9. August goufe 50.177 Tester gemaach, dorënner goufen 43.049 Residente getest. Déi Woch virdru goufen am Verglach 67.022 Tester gemaach.  D'lescht Woch goufen am ganzen 354 Persoune positiv op de Coronavirus getest, dorënner 297 Residenten. An der Woch vum 27. Juli bis den 2. August ware 525 positiv Fäll registréiert ginn. D'aktiv Infektiounen sinn och vun 1.242 op 922 erofgaangen.

D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Persoune läit an der Woch vum 3. bis 9. August bei 35,3 Joer. Dës Moyenne ass stabel bliwwen am Verglach zu der Woch virdrun.

Donieft hunn 1.103 Persounen sech missen isoléieren, a 1.335 waren an der Quarantän. 42 Persoune louchen am Spidol a 7 Patiente waren op der Intensivstatioun. Déi Woch virdru waren 52 Leit am Spidol, awer 6 Leit op der Intensivstatioun. D'lescht Woch sinn 3 Mënschen un de Suitte vum COVID-19 ëm d'Liewe komm. Dat ass d'Hallschent wéi déi Woch virdrun. De Reproduktiounstaux ass iwwerdeems vu 0,86 op 0,72 erofgaangen.