Fir géint Rassismus virzegoen huet Facebook decidéiert Biller vum holläneschen "Zwarte Piet" ze verbidden.

Facebook wëll weider géint Rassismus virgoe virun allem wat d’sougenannte “Blackface” ugeet. Dofir gouf decidéiert den "Zwarte Piet", also den hollänneschen Houseker ze verbidden. Biller vu wäisse Leit mat schwaarzer Schmink wiere rassistesch a wäerten net méi accessibel sinn, esou eng Spriecherin. Zënter Jore ginn an Holland hefteg Diskussiounen zu dësem Thema geféiert.