Zu Béiwen beim Stauséi koum et e Mëttwoch de Mëtten zu engem Bëschbrand. Blesséiert gouf keen.

Wéi de CGDIS e Mëttwoch den Owend matgedeelt huet ,war géint 16h30 e Bëschbrand zu Béiwen an der Géigend vum Stauséi gemellt ginn. 10 Persounen, déi sech op der Plage opgehalen hunn, goufe mat engem Boot vum Groupe de sauvetage aquatique vum CGDIS a Sécherheet bruecht. D’Feier gouf op 3 Frontë bekämpft fir d’Verbreedung z’evitéieren. D’Feier hat sech op ronn 2 Hektare propagéiert mee duerch de Reen an d’Aarbecht vun de Pompjeeë war de Brand géint 20h00 ënner Kontroll. D’Läschaarbechte ginn nach wärend e puer Stonnen duerchgefouert. Ongeféier 150 Pompjeeë vum CGDIS waren am Asaz.  Et ass kee blesséiert ginn.

© CGDIS

© CGDIS

© CGDIS

[Béiwen: Feu de forêt - Bëschbrand] Gréissere Bëschbrand aktuell um Stauséi an der Géigend vu Béiwen. D'Pompjeeën aus...

Posted by CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours on Wednesday, August 12, 2020

Donieft koum et géint 15h00 zu Käerjeng an der Lëtzebuergerstrooss zu engem Accident mat engem Blesséierten. Tëscht Boxer an Aasselbuer huet de CGDIS en weideren Accident gemellt deen an der Mëttesstonn geschitt ass. Eng Persoun gouf verwonnt.