Zu Bartreng gouf e Jugendlechen iwwerfall a geschloen. D'Täter konnte flüchten.

Zwee onbekannt Männer hunn e Mëttwoch géint 16 Auer 30 an der Rue de Dippach zu Bartreng e Jugendlechen ugegraff. Si hunn d'Affer geschloen an him den Handy wéi seng Bankkaarte geklaut. Nom Iwwerfall sinn d'Täter an onbekannt Richtung geflücht a konnte spéider och net méi ermëttelt ginn. De jonke Mann stoung der Police no ënner Schock a gouf och blesséiert. Et sinn Ermëttlungen an d'Weeër geleet ginn an et ass eng Plainte gemaach ginn.