Am August denke wuel déi mannsten un d'Chrëschtdagszäit. Ma wéinst dem Coronavirus ass dat dëst Joer e bëssen anescht - och zu Lëtzebuerg.

Wéi de Pressebüro vun der Stater Gemeng Eldoradio géintiwwer confirméiert huet, géifen de Moment Analyse lafen. Et gëtt also gekuckt, ënnert wéi enger Form d'Chrëschtmäert fir d'Editioun 2020 organiséiert kéinte ginn, respektiv wéi eng Méiglechkeeten et iwwerhaapt ginn.

Weider gouf preziséiert, datt et de Moment ze fréi wier fir en definitive Statement ofzeginn. D'Fro stoung am Raum, ob een och fir d'Chrëschtmäert op alkoholescht Gedrénks verzicht. Elo fir d'Evenementer, déi d'Stad de Summer iwwer organiséiert, gëtt keen Alkohol offréiert. Dat ass op de Stänn vun der alternativer Fouer ("D'Stad lieft"), grad wéi fir d'Braderie de Fall.

Zu Köln sollen d'Chrëschtmäert dëst Joer jo ofgesot ginn. D'Gespréicher lafen, fir eventuell déi kleng Mäert mat e puer Stänn ënner Oplagen ze erméiglechen.