Bei enger Online-Ëmfro vum LNS gouf festgestallt dass zu Lëtzebuerg d'sozial Kontakter wärend dem Lockdown ëm 80% erofgaange sinn.

D'sozial Kontakter si wärend dem Lockdown ëm 80% zu Lëtzebuerg erofgaangen. Dat geet aus enger Ëmfro vum LNS ervir. Jonk Leit haten am Duerchschnëtt méi Kontakter wéi eeler Leit. An der éischter Phas vum Deconfinement den 20. Abrëll gouf eng Hausse vun de soziale Kontakter festgestallt. Am Juni huet d'Zuel sech da verduebelt. Iwwer d'Hallschent vun de Kontakter nom Lockdown waren ouni Mask. Dat huet den Infektiounsrisiko erhéicht.

D'Etüd weist dorop hin dass déi physesch Distanzéierung wichteg Auswierkungen op sozial Interaktiounen hat. Dat huet konkret zu enger Reduzéierung vun der Unzuel un deegleche Kontakter bruecht.