Zu Diddeleng goufen zwee Männer dout an enger Wunneng fonnt.

E Sonndeg den Owend kuerz no 20h00 huet d’Police ee Sträit an enger Wunneng zu Diddeleng gemellt kritt, beim deem och eng Schosswaff am Spill gewiescht soll sinn. E puer Patrullen sinn direkt op d’Plaz gefuer. An der Wunneng goufen zwou männlech Persounen dout opfonnt. Eng Schosswaff gouf séchergestallt. Béid Persoune hunn op där Adress gewunnt, waren awer net matenee Famill. De Parquet gouf informéiert, an huet d’Police judiciaire mat den Ermëttlungen beoptraacht.