Dës Woch ass Schoulrentrée, ugefaange mat de Primärschoulen um Dënschdeg!

Beim Léierpersonal fir d'Grondschoul sinn et gutt 6.300 Enseignanten, an de Lycéeë si fir dës Rentrée 4.500 Proffe gezielt ginn. Am Fondamental gouf mat iwwer 80% méi weiblecht Personal gezielt, am Lycée ass d'Verdeelung méi ausgeglach. Ma och hei dominéieren déi weiblech Léierpersoune mat 52,4%.