Géint 12 Auer 20 en Donneschdeg koum et op der A4 Héicht Féiz Richtung Stad zu engem schwéieren Accident.

Bei der Opfaart fir op d'Autobunn gouf en Auto vun engem Oflschleefwon erfaasst, wéi d'Automobilistin op déi riets Fuerbunn eriwwer wiessele wollt. Duerch d'Kollisioun huet sech den Auto ëm déi eegen Achs gedréint a gouf géint d'Leitplanke geschleidert. D'Fra gouf liewensgeféierlech blesséiert a koum no der Versuergung op der Plaz an d'Spidol.

Wärend dem Asaz vun de Rettungsekippen gouf d'Autobunn kuerzfristeg gespaart. Aktuell leeft de Verkéier just iwwert eng Spuer an et ass weider mat gréissere Problemer ze rechnen. De Miess- an Erkennungsdéngscht vum Parquet war op der Plaz.