Eng weider Verschäerfung vu Grenzwäerter fir den CO2-Ausstouss bei neie Gefierer soll deemno geplangt ginn.

D'Autoe sollen am Joer 2030 ongeféier 50% manner CO2 ausstoussen an net wéi bis ewell geplangt 37,5%. D’Pläng gesinn eng weider Optioun vir, de Verkéiers- a Bausecteur an den europäeschen Emissiounshandelssystem ze integréieren. Doduerch wier et méiglech, dass de Bensin an den Diesel méi deier ginn. D'Pläng solle bis Juni 2021 ausgeschafft ginn.

Europäesch Autoskonstrukteure kritiséieren dës Mesuren, well se een negativen Afloss op d'Beschäftegungen an dësem Secteur kéinten hunn.