Méintlaang war et roueg ginn ëm d'franséisch Biergerbeweegung, ma um Samschdeg soll et zu Paräis nees lassgoen.

Zu Paräis ginn deemno 5.000 Demonstranten erwaart, 1.000 vun hinne gëllen als gewaltbereet. Op de Champs-Elysées a bei de Regierungsgebaier sinn d’Demonstratiounen op dësem Dag verbuede ginn. Et gëtt géint d’Reformpolitik vum franséische President Emmanuel Macron protestéiert. D'Gilets Jaunes si bekannt fir gewaltsam Aktiounen op hiren Evenementer.