Déi 20-Järeg Studentin Antonia Quell fuerdert, dass dës Form vu sexueller Belästegung sanktionéiert gëtt.

Spréch an nopäifen an der Ëffentlechkeet, genannt "Catcalling", wier eng Manéier, eng Fra ze erniddregen, a soll am Joer 2020 strofbar sinn. Dat fuerdert déi däitsch Studentin Antonia Quell.

Vir den Aspekt vun der sexueller Belästegung an Däitschland ze erfëlle muss de Kierperkontakt garantéiert sinn, eréischt dann ass et eng Strofdot. Genee dat wier ze änneren. Weider seet d'Studentin, dass hir Petitioun just eng éischt Iddi wier, a si keen Expert an der Gesetzwëssenschaft wier. An enger Pro a Kontra Lëscht huet si d'Standpunkte vu ville Fraen opgeschriwwen, an dobäi zesummegefaasst, dass Catcalling hinnen no näischt mat Flirten ze dinn hätt, an ee mat dëser Meenung d'Flirte besser si loosse soll. Eng Sanktioun géif dat "normaalt" Flirten dogéint net erschwéieren.

A Frankräich ass de Catcalling schonn zanter 2018 strofbar, dat mat enger Geldstrof vu bis zu 750 Euro. Och Portugal, d'Belsch an Holland hunn et verbueden.