Eng Fra an e Mann haten 3 Leit beieneen attackéiert.

An der Stad koum et e Freideg zu enger Kläpperei mat enger schwéierblesséierter Persoun. Géintiwwer vun der Place Léon XIII goufen an der Mëttesstonn 3 Persoune vun engem Mann an enger Fra ugegraff. Eng Persoun ass um Buedem zesummegaangen, nodeems si gestouss gouf. Dobäi gouf si schwéier blesséiert an huet missen an d'Spidol bruecht ginn. Déi aner zwou Persoune goufe liicht verwonnt. Op Uerder vum Parquet goufen d'Täter festgeholl a koumen op Schraasseg. Si koumen e Samschden de Moie virun den Untersuchungsriichter.