Op der A13 Richtung Esch, um Rond-Point Biff zu Käerjeng, zu Biissen an op der N10 Richtung Stolzebuerg huet d'Police missen agräifen.

Op der A13 an Direktioun Esch war e Chauffeur opgefall, well en am Zickzack ënnerwee war. Den Alkoholtest war positiv an et gouf e Protokoll.

An der Lëtzebuerger Strooss a Richtung Rond-Point Biff zu Nidderkäerjeng war ee Chauffeur duerch säi Fuerstil opgefall. Hie konnt seng Spuer net méi halen, a gouf der Police gemellt. An der Rue du Commerce zu Rodange gouf e vun der Police ageholl. Wéi hie stoe bleiwe wollt, huet en ee Gefier ze pake kritt, wat op der Säit geparkt war. Och hei war den Alkoholpeegel iwwerschratt, et gouf e Protokoll an de Führerschäi war fort.

Um hallwer 1 an der Nuecht op e Samschdeg stoung e Won mat de 4 Luuchten um CR306-Biissen an engem Gruef an hat déi 4 Luuchten un. Ee Rad hat kee Pneu, an de Chauffeur war staark alkoholiséiert. De Führerschäi gouf agezunn an et gouf e provisorescht Fuerverbuet.

Op der N10 vu Veianen a Richtung Stolzebuerg hat géint hallwer 6 Samschdes moies d'Kontroll iwwert den Auto verluer, an ass am Geb accidentéiert. Hien huet opgrond vum erhéichten Alkoholpeegel de Führerschäi missen ofginn, an et gouf e provisorescht Fuerverbuet. Him ass weider näischt geschitt.