Géint 10h30 um Samschdeg koum et op engem Chantier zu Péiteng an der Lonkecher Strooss zu engem uergen Accident.

E Mann ass bei Aarbechten op engem Réibau zu Péiteng 6 Meter an d'Déift gefall. Hie gouf liewensgeféierlech blesséiert. De Mann ass nach op der Plaz behandelt ginn an ass duerno an d'Klinik transportéiert ginn. D'ITM ass op d'Plaz komm fir d'Ursaach an den Oflaf vum Accident ze ënnersichen.

An der Stad an der Rue de la Boucherie ass dem 112 um 13h42 e Feier an enger Wunneng gemellt ginn. Hei ass keng Persoun verwonnt ginn.

Zu Féiz an der Rue du Brill ass um 13h44 e Feier an enger Kichen gemellt ginn. Hei ass et bei Materialschued bliwwen.

Zu Beefort ass um 14h42 e Feier an engem Bësch gemellt ginn. Et ass keng Persoun verwonnt ginn.

Op der Streck tëscht Leideleng an Zéisseng koum um 15h09 zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto. Eng Persoun ass schwéier blesséiert ginn.