Bewunner vum ofgebrannte Flüchtlingslager Moria demonstréieren an d´Police setzt Tréinegas an.

D'Situatioun op der griichescher Insel Lesbos ass weiderhin dramatesch. D'Police huet bei enger Demonstratioun vun de Bewunner vum Flüchtlingslager Moria Tréinegas agesat. Honnerte Flüchtlingen hunn demonstréiert a vereenzelter hu Steng op d'Beamte geheit.

Duerch e Feier am iwwerfëllte Lager Moria hunn e Mëttwoch iwwer 12.000 Flüchtlingen, déi zum gréissten Deel aus Afrika an Afghanistan kommen, en Daach iwwert dem Kapp verluer. D'Majoritéit muss elo am Fräien iwwerliewen.

© ANGELOS TZORTZINIS / AFP

Donieft hu sech 35 Migrante mam Coronavirus infizéiert. Allerdéngs ass et fir d'Beamten net méiglech am ganze Chaos déi infizéiert Persounen ze fannen. Eng Infektiounswell am Lager ass nieft dem Honger, der Verzweiwlung an der Angscht eng weider Belaaschtung fir d'Migranten.