E Samschdeg den Owend huet d’Japanerin Naomi Osaka hir zweet US Open gewonnen.

Dat 22-järegt Naomi Osaka huet e Samschdeg den Owend d’Finall vun den US Open zu New York géint d’Victoria Azarenka gewonnen. Dat mat 1-6, 6-3, 6-3. D’Japanerin hat schonn 2018 d’Finall gewonnen an huet donieft och 2019 d’Australian Open gewonnen.

Déi jonk Tennisspillerin huet sech wärend dem Turnéier fir d‘Black Lives Matter-Beweegung agesat ënner anerem andeems et bei all Match eng Mask unhat op där de Numm vu Schwaarzen, déi Affer vu Policegewalt an den USA waren, dropstoung.