Am Kader vun de schroe Bëschbränn an den USA reest den Donald Trump e Méindeg a Kalifornien.

Den US-President Donald Trump huet annoncéiert dass hien e Méindeg a Kalifornien fléie wäert fir sech d’Schied vun de schroe Bränn unzekucken a fir d’Situatioun z’analyséieren. Den Trump soll ënner anerem och d’Rettungsdéngschter besiche goen. Am Weste vun den USA si bis ewell iwwer 30 Persounen ëm d’Liewe komm. Donieft si ronn 2 Milliounen Hektar an de Bundesstaaten Kalifornien, Oregon a Washington verbrannt.

Wéi et vu lokalen Autoritéiten an Experten heescht wieren d’Bëschbränn kloer un de Klimawandel gekoppelt. An deem Kontext huet den demokratesche Kandidat Joe Biden dem Trump seng Klima-Skepsis hefteg kritiséiert.