D’Landeskriminalamt vun Hannover huet matgedeelt dass déi däitsch Police bei engem rietsradikale Mann 250 Schosswaffe saiséiert huet.

Am Bundesland Niedersachsen huet d’Police ronn 250 schaarf Schosswaffe saiséiert. Dës goufe bei engem rietsradikale Mann fonnt. Dat huet d’Landeskriminalamt vun Hannover e Samschdeg matgedeelt. Ënner anerem goufen e Freideg den Owend an der Géigend vu Seevetal Krichswaffen a Munitioun saiséiert. Dem Mann gi Verstéiss géint d’Waffegesetz a géint d’Gesetz vun der Krichswaffekontroll virgeheit. Weider Detailer ginn et bis ewell keng.